Lëtzebuerg · 10 Joer. 10 Stärebiller.

Schéi Feierdeeg

Loosst eis d’Geschichte feieren,
déi eis zesumme strale loossen.

Scrollen

Ënnert de selwechte Stären…
Loosst eis zesumme stralen

All Stärebild erzielt seng eege Geschicht

Klickt op e Buschtaf an entdeckt seng Geschicht

All Stärebild erzielt seng eege Geschicht

  1. L wéi Lëtzebuergesch

    Lëtzebuergesch ass eis Sprooch: eppes, wat vill Leit iwwerrascht, wann ee bedenkt, wéi kleng eist Land ass. Ronn 400.000 Mënschen op der ganzer Welt schwätze Lëtzebuergesch.

    D’Lëtzebuerger Sprooch huet eng räich mëndlech Traditioun an haut setzt se sech och ëmmer méi am Schrëftlechen duerch, besonnesch an der digitaler Kommunikatioun. Niewent dem Lëtzebuergesche sinn eis offiziell Sprooche Franséisch an Däitsch: Mir si méisproocheg, an dat spigelt sech och an der Literatur erëm.

  2. U wéi Unique

    Wousst Dir, datt Lëtzebuerg den eenzege Grand-Duché op der Welt ass?

    Mir sinn eng parlamentaresch Demokratie a Form vun enger konstitutioneller Monarchie, vertrueden duerch de Grand-Duc. Eng aner besonnesch Eegenaart ass, datt zënter 1919 d’Walrecht allgemeng an obligatoresch fir Fraen a Männer ass, wat e laangjäregen Engagement fir politesch Gläichberechtegung reflektéiert.

  3. X wéi X-tra

    Gratis ëffentlechen Transport, gratis Educatioun, gratis Musekscoursen, Bestietnes fir jiddereen … Lëtzebuerg setzt op de mënschleche Faktor a senger Gesellschaftsvisioun.

    Wann et ëm d’Liewensqualitéit an -zefriddenheet geet, steet Lëtzebuerg reegelméisseg un der Spëtzt a bitt e fruchtbare Buedem fir Iddien an Idealer, déi d’Gesellschaft beräicheren.

  4. E wéi Europäesch

    Am Häerze vun Europa geleeën, dréit Lëtzebuerg Europa am Häerz. Lëtzebuerg ass Grënnungsmember vun der Europäescher Unioun a Sëtz vu villen europäeschen Institutiounen an dat Land, wou d’Leit sech am europäeschste fillen*.

    Hei gouf och de Schengen-Accord ënnerschriwwen, deen aus Europa e Raum gemaach huet, an deem d’Bierger sech kënne fräi beweegen.

    *nom Eurobarometer-Sondage

  5. M wéi Multikulturell

    Diversitéit ass eise Credo: Knapp d’Hallschent vun eiser Bevëlkerung vun nëmme 680.000 Awunner setzt sech aus 180 Nationalitéiten zesummen. Méi wéi 230.000 Fachkräften aus Frankräich, der Belsch an Däitschland kommen all Dag iwwert eis Grenzen, verduebelen domat quasi déi aktiv Bevëlkerung a beräicheren zousätzlech eis kulturell a sproochlech Landschaft.

  6. B wéi Bildschéin

    Kuerz Distanzen, staark Andréck!

    Lëtzebuerg ass d’Heemecht vu villen UNESCO-Kulturierwen an iwwer 70 Schlässer a Buergen, déi sech op 5 ganz verschidde Regioune verdeelen, op nëmmen 2.586 km².

    Gréng Bëscher bedecken een Drëttel vu sengem Territoire, seng schéin Natur kann iwwer onzieleg Wanderweeër, Vëlosweeër a Mountainbike-Strecken entdeckt ginn.

  7. O wéi Oppen Innovatioun

    Als Facilitateur vun internationalen Echangen ass Lëtzebuerg e Laboratoire ënner fräiem Himmel, wou Studenten, Fuerscher, Entrepreneuren a Start-ups an engem Ökosystem vu räsonabler Gréisst interagéieren.

    Lëtzebuerg ass net nëmmen e Pionéier an de Beräicher Raumfaartindustrie an Telekommunikatioun, mee och en industriellen Acteur, deem seng Technologien an Héichhaiser an a groussen Infrastrukture weltwäit agesat ginn.

  8. U wéi IwwerraschUng

    Wousst Dir, datt Lëtzebuerg den Tour de France 5 Mol gewonnen huet a gradesou dacks den Eurovision Song Contest? Et ass och e Land vu grousse Wäiner a Cremanten aus dem Museldall, déi reegelméisseg international fir hir Finess an hir frësch Notten ausgezeechent ginn.

    Aner iwwerraschend Fakten: Lëtzebuerg ass d’Gebuertsland vum Hugo Gernsback, deen als Papp vun der Science-Fiction gëllt, vum Edward Steichen, deen déi modern Fotografie gepräägt huet, souwéi vum René Arend, deen d’Chicken Nuggets erfonnt huet!

  9. R wéi Revelatiounen

    D’Vicky Krieps, déi als Actrice schonn esou munch Auszeechnung krut, de Francesco Tristano, Pianist a Komponist, international unerkannt fir seng innovativ elektro-barock Approche, souwéi de Laurent Witz, Gewënner vum Oscar fir den Animatiounsfilm Monsieur Hublot, an d’Su-Mei Tse, ausgezeechent mam Léiw vun der Biennale de Venise, sinn all Gesiichter vun der Lëtzebuerger Konschtzeen.

    D’Vitalitéit vun dësem kreativen Ökosystem gëtt duerch eng staark Kulturpolitik gedroen a vun enger Communautéit vun Talenter ënnerstëtzt, déi permanent wiisst.

  10. G wéi Grouss ginn

    Gréng Technologien, Informatiounstechnologien, Gesondheetstechnologien: esou vill prioritär Secteuren, déi en equilibréierte Wuesstum fërderen, Innovatioun ënnerstëtzen an d’Energietransitioun stäerken, dobäi awer d’natierlech Ressourcë vun eisem Land respektéieren. Fir eng Welt, déi net nëmmen innovativ an inklusiv ass, mee och Stabilitéit bitt fir zukünfteg Generatiounen.

Iwwer